Mir hunn iwweraschend vill positif Reaktiounen op eises oppene Bréif kruut.Deelt w.e.g. eise Kommunikee weider, fir dass eis Fuerderungen an der Ëffentlechkeet sou vill wéi méigelech verbreet gin. Dir kennt och op eiser Homepage den Artikel zum besseren Verdeelen zousätzlech „liken“-Mir fuerderen op e Neits, dass de Ressort vum Déiereschutz an d’Inspection Vétérinaire aus dem Agrarministère erausgeholl ginn an engem Ministère ënnerstallt ginn, deen a kengem Interessens- a Gewëssenskonflikt mat der Agrarlobby steet! Soulaang des politesch Perversioun als legalen a pragmateschen Widdersproch bestoe bleift,ass keen objektiven Déiereschutz méiglech.-Mir fuederen datt keng Mineure méi am Kader vum ëffentlechen Schoulunterrecht des Form vun Bloussstellen an Ausbeutung vun wierlosen, fillenden Liewewiesen als natierlech Landwirtschaft bäibruecht kréien. Heizou gehéieren och genee esou lobbyistesch gesteiert, finanzéiert, manipuléierend Visite am „Vitarium“ déi de Kanner iwwer „spilleresch“ Aart a Weis e Produkt verkafe soll, ouni op d' Konsequenzen fir Gesondheet an Ëmwelt am Numm vun der Ausbeutung vun Déieren hinzeweisen!
Tłumaczony, proszę czekać..